E Méindeg lancéieren d’Santé an den Educatiounsministère d’Impfcampagne an de Lycéeën.

Bis den 29. Oktober hunn d’Schüler d’Méiglechkeet sech wärend der Schoulzäit impfen ze loossen. Verschidde Lycéeën organiséieren an deem Kader Busser fir d’Schüler an den Impfzenter ze féieren. Et sinn awer och mobil Ekippen ënnerwee. Déi zweet Impfung kann da bei de Schüler tëscht dem 15. an 29. November duerchgefouert ginn.