E Sonndeg waren zu Esch-Uelzecht e puer Persounen unenee geroden. 4 vun hinnen hu missen am Spidol versuergt ginn.

Géint 04h15 e Sonndeg de Moie krut d’Police eng Kläpperei tëscht e puer Persounen an der Rue de Belval zu Esch-Uelzecht gemellt. Hei soll och e Messer am Spill gewiescht sinn an et hätten sech Spuere vu Blutt um Buedem an u verschiddene Gefierer befonnt.

Wéi d’Police op d’Plaz koum, waren d’Beamten op eng gréisser Usammlung vu Mënsche getraff, déi sech allerdéngs zimmlech séier opgeléist huet. Am Kader vun den Ermëttlunge waren d’Beamten dunn op der Gare um Belval op eng Persoun getraff, déi Schnëttwonnen un der Hand hat. Si gouf fir eng Behandlung an d’Spidol bruecht.

Ausserdeem gouf der Police gemellt, dass 3 weider Persounen, déi mat engem Messer blesséiert goufen, sech zu Esch am Spidol befanne géifen. Si wollten sech géigeniwwer der Police allerdéngs net äusseren. Wéi d’Beamten am Spidol waren, war hinnen ausserdeem eng verdächteg Persoun opgefall, déi probéiert huet e Messer lasszeginn. D’Beamte konnten Dëst awer sécherstellen. Op Uerder vum Parquet gouf d’Spueresécherung op d’Plaz geruff an et goufe weider Ermëttlungen an d’Weeër geleet.