Zënter en Dënschdeg kënnen 19 nei Petitiounen um Internetsite vun der Chamber ënnerschriwwe ginn.

Ënner anerem fuerdert eng Petitioun dass eng ëffentlech Debatt iwwer d’Legaliséierung vu rekreativem Cannabis organiséiert gëtt. Eng aner Petitioun wëll dass ee gratis oder op d’mannst 3 Stonne gratis an engem Parking vun engem Spidol parke kann. Donieft proposéiert eng aner Petitioun dass een an de Restauranten a Caféë muss eng Karaff Krunnewaasser kréien déi manner deier soll si wéi eng Fläsch Mineralwaasser.