An der Chamber gëtt en Dënschdeg eng Petitioun, déi genuch Ënnerschrëfte krut, iwwer d'Reform vun der Educateur-Formatioun debattéiert.

D’Petitioun 1879 iwwer d’Reform vun der Educateur-Formatioun gëtt en Dënschdeg de Moien ëffentlech diskutéiert. De Petitionär ass dogéint dass d’Formatioun gekierzt gëtt an dass domat d’Qualitéit vun der Erzéiung zu Lëtzebuerg géif erofgoen. D’Petitioun krut iwwer 4.600 Ënnerschrëften. Den Educatiounsminister Claude Meisch wäert bei der ëffentlecher Debatt dobäi sinn.