Zu Gonnereng gouf en Dënschdeg de Moien e Foussgänger vun engem Auto ugestouss. Alleguerten d'Hiweiser si fir de Policekommissariat Iernz.

En Dënschdeg de Moien ass et op der Héicht vun der Tankstell an der Lëtzebuerger Strooss zu Gonnereng zu engem Verkéiersaccident komm. E Foussgänger gouf hei vun engem Auto, deen aus Direktioun Lëtzebuerg gefuer koum, ugestouss. Hie gouf op der Plaz vum Noutdokter versuergt an duerno an d'Spidol transportéiert.

Op Uerder vum Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police op der Plaz enquêtéiert. Wärend den Ermëttlunge gouf den Trafic ronderëm d'Plaz vum Accident geleet. Géint 09h00 de Moie war d'Streck nees befuerbar.

Am Zesummenhang mat dësem Accident sicht d'Police den Ament no Zeien. Wien Informatiounen iwwert den Accident huet, ass gebieden sech beim Policekommissariat Iernz ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 74 1000 oder via d'Mailadress "police.ernz@police.etat.lu".