D'Granat gouf vum Service de Deminage vun der Arméi kontrolléiert gesprengt.

Géint 11h15 e Mëttwoch de Moie gouf bei Bauaarbechten an der Veianer Strooss zu Bettel eng Granat aus dem zweete Weltkrich fonnt.

De Service de Deminage vun der Arméi gouf an den Asaz geruff an huet d'Granat an engem Feld kontrolléiert gesprengt.

D'Police weist an dësem Zesummenhang dorops hin, dass een ënner kengen Ëmstänn Munitioun, déi een dobausse fënnt, upake soll. Dat géif och da gëllen, wann een nëmmen de Verdacht hätt, dass et sech bei engem Géigestand ëm Munitioun handele kéint.

An esou Fäll sollt een ëmmer den 113 kontaktéieren an, wa méiglech, d'Plaz op där d'Munitioun fonnt gouf, ofséchere bis d'Polizisten oder déi zoustänneg Experte vun der Arméi agetraff sinn.