Wéinst der Demonstratioun kéint et de ganzen Dag iwwer zu Perturbatiounen am Trafic kommen.

Dëse Freideg wäert et virum Siège vum Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg zu enger gréisserer Demonstratioun kommen. Vun zirka 09h30 Moies un, wäerten hei eng 2.000 Leit, déi aus Polen ugereest sinn, géint en Urteel vum Geriichtshaff protestéieren. Uschléissend wäerten d'Demonstrante weider an Direktioun vum Rond-Point Schuman a schliisslech virun déi tschechesch Ambassade zéien.

Wéinst dem Protest wäerten eng Partie Stroosse ronderëm den Europäesche Geriichtshaff gespaart sinn. D'Police recommandéiert dowéinst, wa méiglech op Deplacementer an dëser Géigend verzichte soll.

Besonnesch um Boulevard Kennedy, um Boulevard Konrad Adenauer, um Pont Bech an an der Géigend ëm de Rond-Point Schuman, gëtt mat Perturbatiounen am Trafic gerechent. Eng Partie vun de Stroosse ronderëm den Europäesche Geriichtshaff wäerten iwwerdeems scho vun en Donneschdeg den Owend gespaart sinn.

Nieft de Stroossen an der Stad, wäert et och op den Autobunnen zu enger Partie Aschränkungen am Trafic kommen. Wann d'Ëmstänn et erfuerdere wäert ënner anerem d'Aire de Wasserbillig op der A1 zou sinn. Weiderhi kéinten d'Echangeure Mertert a Schengen an Direktioun Stad gespaart ginn. Ausserdeem wäert den Trafic, dee vun den Echangeure Mertert Potaschbierg a Schengen an Direktioun Stad geet, op eng Spuer ëmgeleet ginn. Dat wäert vun e Freideg de Moie 06h00 un de Fall sinn.

Wéinst der Demonstratioun wäerten de Lycée Robert-Schuman an de "Service de Formation des Adultes" e Freideg zoubleiwen.

Wärend der Demonstratioun wäert d'Police op hirem Twitter-Kont iwwer méiglech Perturbatiounen am Trafic informéieren.

840 Polizisten am Asaz

Wärend der Demonstratioun wäert e Sécherheetsperimeter ronderëm den Europäesche Geriichtshaff an déi tschechesch Ambassade gezu ginn. Am Ganze wäerten eng 840 Polizisten am Asaz sinn a fir déi néideg Sécherheet suergen.

D'Police wäert op hirem Twitter-Kont och iwwer den Oflaf vun der Manifestatioun informéieren. Donieft wäerten d'Leit sech vun e Freideg de Moien 08h00 un op der Hotline 244 242724 melle kënnen, falls si Froen zu der Demonstratioun hunn.

Firwat gëtt demonstréiert?

Hannergrond vun der Demonstratioun ass eng Decisioun vum Europäesche Geriichtshaff iwwer déi spuenesch Kueleminn "Turow". Polen huet dës missen zoumaachen nodeems Tschechien dowéinst virum Europäesche Geriichtshaff geklot hat. Hannergrond vun der Klo war de Fait, dass Polen d'Lafzäit vun der Minn am Mäerz zejoert verlängert hat ouni virdrun Etuden iwwer Dës hir Auswierkungen op d'Ëmwelt duerchzeféieren.