En Donneschdeg den Owend gouf kuerz viru Mëtternuecht eng Tankstell zu Rëmerschen iwwerfall.

Zwee Täter sinn an d’Tankstell an der Schengerwis eragaangen. Deen éischten hat eng schwaarz Kagull an eng Kaputz un. Den zweeten hat en Helm mat engem Sonnebrëll un. D’Täter hunn den Employé an dräi Clientë mat enger Waff menacéiert a wollten d’Suen vun der Keess kréien. No der Dot si si geflücht. Ee vun deenen zwee hat eng opfälleg blo Jackett un. Si haten och e schwaarze Rucksak dobäi. Si hunn Däitsch geschwat. D’Police huet se net direkt fonnt, dowéinst gëtt elo ermëttelt. Et gouf awer kee blesséiert.