E Freideg de Moie koum et zu Heeschdref op der Gare zu engem schroen Tëschefall.

Eng jonk Persoun gouf bei der Barrière vun engem Zuch ugestouss an déidlech blesséiert. Den Dokter konnt just nach den Doud vum 14-järege Meedche feststellen. Op Uerder vum Parquet war de Miess- an Erkennungsdéngscht op der Plaz. De Groupe de Support Psychologique war och op der Plaz. D'Zuchlinn 10 ass gespaart.

D'CFL hat e Freideg de Moie matgedeelt dass den Zuchtrafic tëscht der Stad a Luerenzweiler an deenen zwou Richtungen ënnerbrach gouf. D’CFL huet Ersatzbusser tëscht der Stad an Ettelbréck an tëscht der Stad a Luerenzweiler agesat.