En Donneschdeg géint 17h00 koum et zu Dikrech zu zwee Accidenter mat Farerflucht. An deem Kader sicht d’Police no Zeien.

An deenen zwee Accidenter war e schwaarze BMW mat lëtzebuergescher Plack verwéckelt. Beim éischten Tëschefall an der Rue Guillaume ass et zu Materialschued komm. Beim zweeten am Bamerdall gouf eng Foussgängerin ugestouss. D’Fra koum an d’Spidol. Den Automobilist deen déi zwee Accidenter verursaacht huet ass ermëttelt ginn.

D’Police vun Dikrech sicht no Zeien déi eppes gesinn hunn. Telefonsnummer ass (+352) 244 80 1000 an d’Email ass police.diekirchvianden@police.etat.lu.