Nodeems en Donneschdeg eng Persoun um Lampertsbierg ugestouss gouf, sicht d'Police den Ament no Zeien.

Géint 08h10 en Donneschdeg de Moie war eng Persoun virum Lycée Michel Lucius um Lampertsbierg an der Stad vun engem klenge wäissen Auto ugestouss ginn. Den Auto kéint eng Lëtzebuerger Plack gehat hunn.

D'Persoun gouf beim Accident blesséiert. De Chauffer vum Auto war nom Accident weidergefuer.

Persounen, déi Hiweiser zum Auto hunn, si gebieden sech beim Policekommissariat vu Walfer ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 41 1000 oder via d'Mailadress police.walferdange@police.etat.lu.