E Freideg hate Gewerkschaftler an Aarbechter aus Polen um Kierchbierg géint en Urteel vum Europäesche Geriichtshaff protestéiert.

Wéi et vun der Police heescht, hätten eng Ronn 1000 Persounen aus Polen e Freideg de Moien un der Demonstratioun virum Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg deelgeholl. Déi Éischt vun hinne wiere géint 08h00 de Moien op der Plaz gewiescht. Géint 11h00 ware si dann an Direktioun vun der tschechescher Ambassade beim Rond-Point Schuman gezunn. Wärend dëser Zäit war de Boulevard Kennedy an Direktioun Stad gespaart an de Rond-Point Schuman war bis 13h00  de Mëtten net accessibel. D’Demonstratioun wier am Allgemenge friddlech verlaf an et wier zu kenge gréisseren Tëschefäll komm.