Och beim Besëtz vum Cannabis soll et zu enger Oplockerung vun de Gesetzer kommen.

Den Ubau vum Cannabis fir de private Gebrauch soll zu Lëtzebuerg an Zukunft erlaabt sinn. Wéi d'Justizministesch Sam Tanson e Freideg de Moien am Kader vun enger Pressekonferenz matgedeelt huet wäerten an Zukunft maximal 4 Cannabisplanze pro Stot erlaabt sinn.

Weiderhi soll et beim Besëtz vum Cannabis zu enger Dekorrektionaliséierung kommen. Deemno soll ee, wann een am ëffentleche Raum maximal 3 Gramm Cannabis bei sech huet just nach eng Geldstrof vu maximal 500 € bezuele mussen an et soll och keen Antrag méi an de Casier ginn.