An der Woch vum 8. bis 14. November huet d’Police ronn 115 Kontrolle vun de Covid-Bestëmmunge gemaach.

D’Zil war et ze kontrolléieren ob de CovidCheck-Regimm am HORESCA-Secteur respektéiert gëtt. Am ganze goufen an 8 Lokaler Verstéiss géint déi sanitär Virschrëfte festgestallt. Op e puer Plazen hunn d’Proprietären net kontrolléiert ob d’Clienten hire CovidCheck-Pass dobäi haten. Et goufen och 10 Verwarnunge mat Geldstrof ausgestallt well sech net un d’Reegele gehale gouf. Donieft goufen d’Polizisten op falsch CovidCheck-Certificaten opmierksam gemaach. An deem Kader erënnert d’Police dass ee mat juristesche Konsequenze rechne muss.