Um 15h00 e Freideg de Mëtte hunn de Premierminister Bettel an d'Gesondheetsministesch Lenert d'Press iwwer d'Aarbecht am Regierungsrot informéiert.

Keng exponentiell Hausse vun den Neiinfektiounen

Zu Lëtzebuerg sinn d’Neiinfektiounen net exponentiell an d’Luucht gaange mee trotzdeem ass eng kloer Hausse festzestellen, esou de Premier. An de Spideeler a méi genee op der Intensivstatioun ass d’Situatioun nach relativ stabel. Well de Fokus op d’Unzuel vun de Better läit ginn de Moment keng méi streng Mesuren ugekënnegt. Dat aktuellt Covid-Gesetz leeft awer den 18. Dezember aus a wann d’Situatioun sech an der Tëschenzäit ännert kënnen zousätzlech Mesure geholl ginn.

Impfung funktionéiert

D’Situatioun wier also am Verglach zum leschte Joer vill besser virun allem wéinst der Impfung déi funktionéiert, esou de Premier an d’Gesondheetsministesch. Leit déi net geimpft sinn hunn 2,5 mol Risiko sech unzestiechen. Déi meescht Leit am Spidol sinn och net geimpft. Den Impftaux am Secondaire wier ganz héich, méi genee ass dësen europawäit op der 6. Plaz.

Booster-Impfung fir Leit iwwer 18 Joer recommandéiert

An deem Kader huet d’Regierung decidéiert dass d’Booster-Impfung fir jiddereen iwwer 18 Joer opgemaach gëtt. Dat ënner verschidde Konditiounen. An zwar 6 Méint no enger zweeter Impfung, an ee Mount no enger Impfung mat Johnson & Johnson. Vun nächster Woch un gi 40.000 Invitatioune mat Code ouni Limitatioun erausgeschéckt. D’Booster-Impfung ass de Moment net obligatoresch awer staark recommandéiert.

Zousätzlechen Impfzenter an eventuell Impfungen an der Apdikt

Et wier natierlech wichteg den Impftaux eropzedrécken an de Virus ze drosselen, esou d’Paulette Lenert.  E weideren Impfzenter wäert also an der Groussgaass an der Stad vun e Méindeg un opmaachen. Den neien Impfzenter bleift bis den 31. Dezember op. D’Ëffnungszäite sinn tëscht 11h00 an 18h00. Donieft gesäit en neie Gesetzesprojet fir dass och an den Apdikte geimpft ka ginn. An der Woch vum 6. Dezember gëtt dann och eng Impfwoch organiséiert. Uechtert Land wäerte mobil Ekippen ënnerwee sinn.

Nach emol huet d’Gesondheetsministesch zu méi Solidaritéit opgeruff. Och sollen d’Leit sech vläicht Gedanke maache fir manner dacks erauszegoen oder nees méi systematesch d’Mask unzedoen. Donieft huet d’Gesondheetsministesch Leit déi Falschinformatioune verbreede staark kritiséiert. Dës kéinten nämlech net gerechtfäerdegt ginn. Donieft huet d’Paulette Lenert gesot dass d’Hotline de Moment iwwerlaascht ass. D’Leit sollen also nach e bësse Gedold hunn.

Hei kënnt dir de Replay kucken: