Vun e Méindeg un ginn d’Arees-Reegelen a Frankräich méi streng fir net-geimpfte Persounen aus Lëtzebuerg.

Leit, déi net géint de Coronavirus geimpft sinn an déi aus Lëtzebuerg a Frankräich reesen, mussen en negative PCR oder Antigen-Test virweise kënnen. Mee aplaz vun 72 Stonne dierf den Test elo net méi wéi 24 Stonnen al sinn. Lëtzebuerg ass nämlech ee vun de Länner dat elo ënner Observatioun ass. Den 13. November hat Frankräich schonn d’Reegele fir Reesender aus Däitschland, Éisträich, an aus der Belsch verschäerft.