Um Rendez-Vous mat der Press huet d'Stater Gemeng eemol de Bilan gezunn vum éischte Winterlights-Weekend. Weider kënnt eng CovidCheck-Statioun um Knuedler.

Bilan nom éischte Weekend "Winterlights" an der Stad

Et ass ee ganz zefridden an der Stater Gemeng nom éischte Weekend vun de "Winterlights". E Freiden um éischten Dag goufen am Ganzen 27'000 Visiteuren gezielt op deene 4 Mäert  an der Stad. Um Samschde waren et dann 52'000 Visiteuren an e Sonnde sinn nach eemol 38'000 Leit op d'Chrëschtmäert komm.

Wéinst dem CovidCheck koum et awer ëmmer nees zu laange Schlaangen wéinst dem obligatoresche Covidcheck. Eemol huet d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer dowéinst dorop higewisen, dass wann ee schonn ee Bändchen hat well ee méi fréi am Dag oder op enger anerer Plaz duerch de CovidCheck gaangen ass, ee bei all Entrée och eng Rei huet fir Leit mat Bändchen. Weider huet de Schäfferot um Méinden decidéiert wéinst dëse laange Schlaangen vun dësem Weekend un och um Knuedler eng CovidCheck-Statioun opzeriichten.

Testen & Impfen an der Stad

Weider goung et mam Thema Testen an Impfen.
Eemol kann ee sech zanter e Samschden och an der Groussgaass impfe loossen. Dëst ass direkt um éischte Stack vum aktuellen Testzenter an der Groussgaass. Elo schonn no zwee Deeg Ouverture ass ee ganz frou iwwert d'Zuelen. E Samschden hunn 71 Leit sech do geimpft. Um Méinde waren et der schonn 110.

De Weekend hat een nieft laange Schlaange wéinst dem Chrëschtmaart dann och mat enorme Reien ze kämpfen virum Impf-Testzenter. Dëst well vill net geimpfte Leit vun de Stater Bonge profitéiere fir sech do testen ze loossen an esou een Zertifikat ze kréien. Fir dëser grousser Demande besser nozekommen an d'Plaz hei z'entlaaschte sicht ee bis Enn dëser Woch nach eng weider Plaz fir een Testzenter. Am Laf vun dëser Woch  wäert d'Stater Gemeng nach dozou kommunizéieren wou genee dësen Zenter hikënnt. E wäertawer sécher am Zentrum vun der Stad seng Plaz kréien.

D'Buergermeeschtesch huet och de Bilan gezunn wéi vill Leit sech bis ewell zanter dem Start vun der Aktioun am Mee am Zenter an der Groussgaass teste gelooss hunn: 37'628 Persoune goufen hei getest. An den Apdikten waren et der 6'000. Weider huet d'Stater Gemeng am Ganzen 54'646 Bonge verdeelt. Wisou net all dës Bongen ageléist goufe wéist een och net. D'Aktioun wäert nach bis Enn Dezember weidergoen. Dëst well een als Stater Gemeng wéilt Leit déi sech net geimpft hunn eng Méiglechkeet ginn um alldeegleche Liewen deelzehuelen, mee och den Dépistage vu positive Leit weider ze maachen.
Am November hätt een deemno 21 positiv Fäll am Test-Zenter gehat.
Et hätt een och keen Ënnerscheed gesinn an der Demande nodeems een d'Bonge payant gemaach hätt nodeems se bis den 31. Oktober gratis waren.

Kleeschen- a Chrëschtdag-Concours an der Stad

Fir de 6. Dezember huet d'Stater Gemeng ee Kleesechers-Molconcours lancéiert. Bis dëse Samsde kënnen d'Kanner aus dem Stater Fondamental (3-11 Joer) hei matmaachen an hiert selwergemooltent Bild vum Kleeschen ofginn. Dat kënne si entweder via E-Mail op info@cityshopping.lu eraschécken oder am Info-CityShopping Point selwer oginn. 5 Biller pro Cycle wäerte gewannen, an an de Vitrinne vun de Geschäfter déi matmaachen ausgestallt ginn. An d'Kanner gewannen natierlech och ee Präiss wann hiert Bild ausgestallt gëtt.

Weider gëtt et och ee Appel à Concours fir d'Stater Geschäftsleit. Ze gewanne ginn et hei 4'000 Euro fir deen éischte Präis, 2'000 fir den zweeten oder 1'000 fir deen drëtten. Dës Zomme gëtt et ze gewannen an deems ee seng Vitrinnen vum Geschäft décoréiert. Informatiounen dozou ginn et um Site vun der Stad.

Orange Week:

Fir d'Orange Week huet een zwou Initiativen ugekënnegt: Eemol wäert een dësen Donneschden eng "Chaine Humaine" vum Knuedler aus bilde fir géint Gewalt vis à vis vu Fraen an och soss Gewalt een Zeechen ze setzen. Vun en Donneschden u bis den 10. Dezember inclus wäerten d'Villa Vauban, d'Stater Gemeng, de Waassertuerm am Ban de Gasperich an de Groussen Theater Orange beliicht ginn.
D'Cinématheque wäert de Film "ne dit rien" an dem Kader weisen. Hei gëtt et duerno och eng Diskussioun mat "Femmes en détresse".

Pop-Up Stores an der Stad

Et wäert ee weidere Pop-Up Store an d'Stad kommen. Dat op der Adresse 25, rue des Capucins. Vun en Dënschden u lancéiert d'Gemeng dofir een Apell à Candidature bis den 8. Dezember. Hei kann ee sech iwwert de Site vun der Ville de Luxembourg mellen. Et kann een dës Geschäftsfläch fir eng Zäit tëscht engem a 6 Méint lounen. De Loyer läit tëscht 650€ an 2'250€. Dat jee nodeem et eng éischte Kéier ass, dass een esou ee Commerce lancéiert oder ob ee schonn aner Butteker huet. Et wéilt een do schonn een Ënnerscheed maachen.

De Bilan 2021 vun deenen 9 Pop-Up Lokaler: 24 Locatiounen, do ass och eemol de Centre de Certification an der Groussgaass drënner.