Wéinst dem héijen Undrang huet den Escher Schäfferot decidéiert, den Accès op de Site vum Chrëschtmaart ze limitéieren.

Vun  e Mëttwoch un, wäert den "Escher Krëschtmoart" op der Escher Stadhausplaz ënnert dem Regimm vum CovidCheck funktionéieren.
Dat deelt den Escher Schäfferot en Dënschdeg an engem Communiqué mat. Wéi et an Dësem heescht, géif den Escher Chrëschtmaart komplett ënner fräiem Himmel stattfannen. Dowéinst wier hei eigentlech kee CovidCheck néideg. Ma wéinst dem héijen Undrang, deen et um éischte Weekend gouf, hätt een elo decidéiert 2 Entréeë mat CovidCheck ze installéieren an nëmmen nach Persounen, déi ee vun de Krittäre vum 3G erfëllen op de Site ze loossen.