Vum Dezember un, wäert een de "Stade de Luxembourg" esouwuel eleng ewéi och am Grupp besichtege kënnen.

Vum Dezember un, soll et méiglech sinn de "Stade de Luxembourg" am Kader vun enger "Visite guidée" ze besichtegen. Dat deelt den "Luxembourg City Tourist Office" op sengem Internetsite mat. Deemno soll 2 mol pro Mount en Visitt vum neie Stadion organiséiert ginn. Dat eng Kéier a franséischer an eng Kéier a Lëtzebuergescher Sprooch. Ausserdeem wäerte Gruppe vu maximal 10 Persounen, Visitte fir hire ganze Grupp buche kënnen.

De Präis fir déi eenzel Visitte soll fir Erwuessener bei 11 € a fir Kanner bei 5,50 € leien. De Präis fir d'Visitt an der Grupp läit bei 80 €.