De Bedruch soll opgeflu sinn, well den Dokter ongewéinlech vill Impfunge géint de Coronavirus gemellt hat.

En Dokter aus der Wallonie soll 2.000 Impfunge mam Coronavirus registréiert an déi entspriechend Zertifikater ausgestallt hunn. Dat obwuel d’Leit, déi esou een Zertifikat kruten ni géint de Covid-19 geimpft goufen. Der wallounescher Gesondheetsministesch Christie Morreale hätt den Dokter seng falsch Impfungen an der ganzer Wallonie ugebueden. De Bedruch wier opgeflunn, well hien ongewéinlech vill Impfunge géint de Coronavirus gemellt hat. Et wier onméiglech, dass eng Persoun esouvill verschidde Mënschen op verschidde Plaze geimpft hätt.