Am Fall Gabby Petito an den USA ginn et zënter en Dënschdeg den Owend nei Informatiounen.

D’Influencerin Gabby Petito gouf bei engem Roadtrip an den USA ëmbruecht. Säi Verloobten de Brian Laundrie war am Oktober och dout a Florida opfonnt ginn. Elo huet den Affekot vu sengen Eltere matgedeelt dass de jonke Mann sech ëmbruecht huet. Dës andeems hie sech mat enger Waff an de Kapp geschoss huet. Dëse Fall gëtt nach ëmmer an den amerikanesche Medien an op Social Media ganz vill thematiséiert.