D’NASA test e Mëttwoch ob een engem Asteroid, deen a Richtung Äerd fléie géif, seng Trajectoire ännere kann.

Eng Sonde déi sech DART nennt ass e Mëttwoch de Moien a Kalifornien gestart. D’Zil vun der Missioun ass den Asteroid Dimorphos deen Enn September 2022 erreecht wäert ginn. Et wier wichteg dass d’Sonde op den Asteroid lande kann an dann ze versichen dësen ze beweege fir seng Trajectoire ze änneren. Et handelt sech hei just ëm en Experiment, den Asteroid flitt nämlech net a Richtung Äerd.