Vun e Mëttwoch un gëlle méi streng Corona-Moossnamen a Rheinland-Pfalz.

D’2G-Reegel gëllt bannen, also muss ee geimpft oder geheelt sinn. Dat betrëfft d’Gastronomie an de kulturelle Beräich. Eng Ausnam gëllt da fir Kanner a Jugendlecher. Op der Aarbechtsplaz an an den ëffentlechen Transporter gëllt d’3G-Reegel. Donieft gi just nach zertifiéiert Corona-Tester erlaabt.

Iwwerall an Däitschland trieden iwwregens déi nei Corona-Reegelen a Kraaft déi vum Bundestag a Bundesrat validéiert goufen. Dës Reegelen ersetzen den nationalen epidemeschen Noutstand dee muer ausleeft. Bekannt Mesurë bleiwe bestoe wéi zu Beispill d’Maskeflicht. Mee vun elo un gëllt dann d’3G-Reegel am ëffentlechen Transport an op der Aarbechtsplaz. Et muss een also negativ getest, geimpft oder geheelt sinn. An Fleegeheemer gëlt och elo eng Testflicht.