D'Poliziste konnten am Ganze 34 Plompe mat Droge sécherstellen.

En Dënschdeg am Nomëtten hat d'Police eng gréisser Drogekontroll am Garer Quartier an der Stad duerchgefouert. Dobäi konnten d'Beamten 2 presuméiert Dealer op frëscher Dot ermëttelen. Am Ganze goufe 34 Plompe mat Droge bei hinne séchergestallt. Well de Verdacht opkoum, dass déi 2 Persoune weider Drogen am Kierper schmuggele géifen, goufen si op Uerder vum Parquet klinesch ënnersicht. Bei enger vun de Persoune goufen am Kader vun dëser Ënnersichung effektiv weider Droge séchergestallt.

Béid presuméiert Dealer goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.