Zu Rodange haten 2 Onbekannter de Fuerer vun engem Liwwerdéngscht iwwerfall.

Kuerz no Mëtternuecht e Mëttwoch de Moien, gouf de Fuerer vun engem Liwwerdéngscht an der Rue de la Terre Noire zu Rodange iwwerfall. 2 onbekannte Persounen haten de Mann attackéiert ewéi hien aus sengem Won geklommen ass. Si haten hie mat enger Waff menacéiert a vun him verlaangt, dass hien hinne Sue soll ginn.

Nom Iwwerfall waren d'Täter, déi allebéid mat engem Schal maskéiert waren, an Direktioun Péiteng geflücht. D'Police huet eng Enquête an d'Weeër geleet.