Ënner anerem de Wunnengsbau an d'Klimapolitik solle wichteg Aspekter vun der Politik vun der zukünfteger däitscher Regierung sinn.

E Mëttwoch de Mëtten hunn d'Vertrieder vun der SPD, der FDP an de Grüne zu Berlin de Koalitiounsaccord, op deen déi 3 Parteien sech gëeenegt hunn, virgestallt. Dësen dréit den Titel "Mehr Fortschritt wagen".

E grousse Fokus vun der zukünfteger däitscher Regierung soll op der Wunnengsbau-Politik leien. Esou sollen an Zukunft an Däitschland all Joers 400.000 nei Wunnengen, vun deenen der 100.000 staatlech gefërdert solle ginn, entstoen. An der Aarbechtspolitik ass et dann d'Nouvelle, dass de Mindestloun op 12 € d'Stonn klamme soll.

Och d'Klima- an -Energiepolitik soll am Fokus sougenannter "Ampel-Koalition" stoen. Esou wëll Däitschland elo bis spéitstens 2030 komplett aus der Kuelekraaft erausklammen. Bis ewell war dësen Ausstig eréischt fir 2038 geplangt. Weiderhi soll dann och d'Elektromobilitéit an eisem Nopeschland ausgebaut ginn. Bis 2030 soll d'Zuel vun den Elektroautoen op den däitsche Stroossen op 15 Millioune klammen. Bis dohinner sollen dann och 1 Millioun Luetstatiounen an Däitschland stoen.

Schliisslech wëll dann elo och Däitschland de Verkaf vum Cannabis legaliséieren a reguléieren.