D'Fermeturë géife virun allem déi al a vulnerabel Bierger negativ betreffen. Si wieren nämlech dacks op d’Hëllef vun de Mataarbechter am Guichet ugewisen. 

De Konsumenteschutz kritiséiert d’Fermeture vun zwou Post-Filièren zu Esch-Uelzecht. Wéi d’UCL an engem Communiqué schreift, sollen d’Post-Filièren zu Esch-Lalleng an an der Bielesser Strooss deemnächst komplett zoumaachen. D’UCL kritiséiert dës Fermeturen als onsozial. Dës géife virun allem déi al a vulnerabel Bierger negativ betreffen. Si wieren nämlech dacks op d’Hëllef vun de Mataarbechter am Guichet ugewisen.

Weiderhi géifen d'Fermeture vun de Post-Filièren, awer och vun de Bank-Filièren, zum Ausstierwe vun den Uertschafte bäidroen. D'Clientë missten dann dacks kilometerwäit bis bei déi nächst Filière fueren. Dat géif och dem Commerce an den Uertschaften an deenen d'Filièren zougemaach goufen, schueden.