De franséische Premier Castex huet am Zesummenhang mam Ongléck vun enger Tragedie geschwat.

Op d’mannst 31 Mënsche sollen e Mëttwoch ëm d’Liewe komm sinn, ewéi e Boot, mat deem Flüchtlinge vu Frankräich aus d'Iwwerfaart a Groussbritannie packe wollten, am Äermelkanal gekentert ass. D’Ongléck soll sech virun der Küst vu Calais ofgespillt hunn. Dem franséischen Inneministère no, hat e Boot vun der franséischer Marinn hei Mënschen am Waasser dreiwe gesinn. Déi ënnert hinnen, déi nach um Liewe waren, wiere vun den Zaldote gerett ginn. De franséische Premier Castex huet am Zesummenhang mam Ongléck vun enger Tragedie geschwat. Den Inneminister Gérald Darmanin huet iwwerdeems ugekënnegt, dass hie sech op d’Plaz vum Ongléck géif beginn.

De franséische President Macron huet eng urgent Versammlung vun den EU-Ministeren, déi zoustänneg fir d'Immigratioun sinn, ugefrot. Frankräich géif nämlech net zouloossen dass den Äermelkanal sech an e Kierfecht verwandelt, esou den Emmanuel Macron. Déi brittesch a franséisch Autoritéiten gi sech de Moment och géigesäiteg d’Schold.