En Donneschdeg gëtt eng ëffentlech Debatt iwwer de Referendum iwwer d’Verfassung organiséiert.

Um 14h00 gëtt iwwer d’Petitioun 2007 an der Chamber debattéiert. De Petitionär wäert der Chamber seng Fuerderungen erklären. Deputéiert déi Membere vun der Petitiounskommissioun a vun der Verfassungsrevisioun, enee sou wéi de Staatsminister Xavier Bettel wäerten dobäi sinn. D’Deputéiert haten déi 18.645 Ënnerschrëfte validéiert.