D’Police huet en Donneschdeg en Zeienopruff erausgi well en Auto beschiedegt gouf.

En Dënschdeg Mëtten tëscht 14h30 a 16h00 gouf dësen an der Rue de la Ferme zu Beetebuerg beschiedegt. De Capot an déi ganz lénks Säit gouf mat engem spatzen Objet zerkraazt. Zeie solle sech beim Policebüro "Réiserbann" mellen (Telefonsnummer ((+352) 244 61 1000) an d'Email-Adress: police.reiserbann@police.etat.lu).