D'EMA réit dozou de Vaccin vu BioNtech bei Kanner ënner 12 Joer méi niddereg ze doséieren ewéi bei Erwuessener.

De Corona-Vaccin vu BioNtech-Pfizer dierf an der EU elo och bei Kanner ënner 12 Joer agesat ginn. Déi europäesch Medikamentenagence huet en Donneschdeg den entspriechenden Accord fir en deementspriechenden Asaz vum Vaccin ginn. Domadder kënnen an der EU elo och Kanner am Alter vu 5 bis 11 Joer géint de Coronavirus geimpft ginn. Allerdéngs réit d’EMA dozou den Impfstoff bei hinne méi niddereg ze doséieren. Esou sollen si just en Drëttel vun der Quantitéit vun den Dosissen, déi Erwuessener kréien, gesprëtzt kréien.

Den Ament verbreet sech de Coronavirus an der EU bei Kanner ënner 12 Joer besonnesch séier. Dem Pharmakonzern "Pfizer" no, soll säi Vaccin Kanner ënner 12 Joer mat enger Sécherheet vun 90,7 Prozent virun enger Infektioun mam Coronavirus schützen.