Déi nei Variant soll eng ganz héich Zuel vu Mutatiounen opweisen.

A Südafrika gouf eng nei Variant vum Coronavirus entdeckt.  Dës dréit de wëssenschaftlechen Numm B 1.1.529. Dem südafrikanesche Virolog Tulio de Oliveira no géif dës nei Variant eng ganz héich Unzuel vu Mutatiounen opweisen. Et wier dann och nach net kloer, ob d’Vaccinen, déi den Ament disponibel sinn, géint dës nei Variant hëllefe géifen. De südafrikanesche Gesondheetsministère geet iwwerdeems dovun aus, dass déi nei Variant fir déi exponentiell Hausse vun den Neiinfektiounen am Land responsabel ass.

Mat 2,95 Millioune Fäll a ronn 89.600 Doudesaffer, ass Südafrika dat afrikanescht Land, dat am schwéierste vum Coronavirus getraff gouf.