Den Täter ass den Ament op der Flucht. Eventuell verdächteg Beobachtunge sollen um 113 gemellt ginn.

Kuerz no 16h00 Auer en Donneschdeg de Mëtte war et zu Esch zu engem arméierten Iwwerfall komm. Wéi d’Police mellt, hat e maskéierten Täter déi Ugestallte vun engem Bicherbuttek an der Rue Prince Henri mat engem Revolver menacéiert an d’Suen aus der Keess geklaut. Duerno war hien an eng onbekannten Direktioun fortgelaf. D’Police huet eng Enquête nom Täter an d’Weeër geleet. Éischten Erkenntnisser no, soll Dësen eng schwaarz Kagull, eng schwaarz Jackett an enge gro Joggingsbox mat enger schwaarzer Schrëft op engem Boxebeen ugehat hunn. Ausserdeem soll hien a schwaarze Rucksak bei sech gehat hunn.

Am Zesummenhang mat den Ermëttlungen, biet d’Police all verdächteg Beobachtung um 113 ze mellen. Ausserdeem soll ee keng onbekannte Persoune mam Auto mathuelen.