An de Grondschoule goufen däitlech méi Neiinfektioune gezielt ewéi an de Lycéeën.

Zënter der Rentrée goufen 3.438 Neiinfektioune mam Coronavirus an de Lëtzebuerger Schoulen a Lycéeë gezielt.
Dat geet aus der gemeinsamer Äntwert vum Educatiounsminister Claude Meisch an der Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vun den Deputéierte Claude Wiseler a Martine Hansen vun der CSV ervir. Esou wieren zënter der Rentrée an de Grondschoulen 2.234 Neiinfektioune mam Virus gezielt ginn. An de Lycéeë wieren et der 1.204 gewiescht. Och den Inzidenzwäert wier an de Grondschoulen däitlech méi héich ewéi an de Lycéeën. Dat géif sech dem Ministère no, doduerch erklären, dass an de Lycéeë mëttlerweil ronn 70 Prozent vun de Schüler géint de Coronavirus geimpft wieren.