Am Süde vum Land solle maximal 3 Zentimeter Schnéi falen am Norde kënnen et der maximal 6 sinn.

Meteolux huet fir e Freideg eng Alerte Jaune erausginn. Wéi de staatleche Wiederdéngscht op sengem Internetsite matdeelt, kéint op dësem Dag den éischte Schnéi vun dësem Wanter hei am Land falen. Tëscht 18h00 an 23h59 e Freideg den Owend, kéinten et am Süde vum Land tëscht engem an 3 Zentimeter Schnéi ginn. Am Norde kéinten tëscht 3 a 6 Zentimeter falen.