An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg goufe landeswäit ronn 20 Stéierunge vun der Nuetsrou gemellt.

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg goufen Ausernanersetzunge mat Gewalt an der Stad, zu Esch an zu Miersch gemellt. Donieft goufe landeswäit ronn 20 Stéierunge vun der Nuetsrou gemellt. Wéi d’Police matdeelt huet et sech meeschtens ëm ze haart Musek aus Lokaler, a Clienten déi op der Strooss Kaméidi gemaach hunn, gehandelt. E Protokoll huet misse géint e Lokal zu Esch ausgestallt ginn. An zu Izeg hat e Lokal keng fräi Nuecht ugefrot.