Eng 28 Joer al Fra gouf zënter e Freideg kuerz no 5 Auer vermësst.

E Samschdeg hat d'Police eng Vermësstemeldung erausginn. Eng 28-järeg Fra gouf zënter e Freideg Nomëtteg vermësst. Um Méindeg huet d'Police annoncéiert dass d'Fra nees doheem wier. Et géif hir och gutt goen.