61 Persounen déi um Flughafe Schiphol zu Amsterdam aus Südafrika gelant sinn, sinn elo positiv op Corona getest ginn.

Holland huet op d'Mannst 13 Fäll vun der neier Coronavirus-Variant Omikron bei Passagéier aus Südafrika enregistréiert.

Deemno goufen 13 Persounen déi um Fluchhafe Schiphol zu Amsterdam ukomm sinn, positiv getest. Am Ganze goufen 61 Passagéier positiv op de Coronavirus getest. Donieft schléisst den hollännesche Gesondheetsministère weider Fäll vun der neier Virusvariant net aus. D'Auswäertung vun den Tester wier nach net ofgeschloss.

Och zu Hessen an Däitschland gouf en Virusvarianten-Verdacht confirméiert. E Mann, dee viru kuerzem aus Südafrika zeréck an Däitschland agereest wier, géif elo typesch Symptomer vun der neier Coronavirus-Variant Omikron virweisen. De Mann befënnt sech bei sech doheem an Isolatioun. Weider goufen 2 Fäll a Bayern gemellt.