D'Police mellt, dass fënnef Persoune vun e Freide op e Samschden hiere Permis ofgi missten, well si ze vill gedronk haten.

Géint hallwer 6 um Freideg Owend ass zu Wolz an der Rue Michel Thilges eng Fahrerflucht gemellt ginn. Ee Chauffer war hei wuel an e Gelänner gerannt an einfach fortgefuer. Kuerz drop konnt den Auto opfonnt ginn. De Chauffer hat ze vill gedronk a krut de Führerschäin ofgeholl. Et ass Protokoll erstallt ginn.

Géint 2 Auer an der Nuecht war der Police en Auto zu Diddeleng an der Route du Kayl en Auto opgefall, dee mat héijer Geschwindegkeet aus Richtung Keel gefuer komm ass. Si hunn dem Chauffer doropshin e puer Mol en Zeeche ginn, dass dëse stoe bleiwe soll, ma hien huet dës allerdéngs ignoréiert an ass weidergefuer. Fir net vum Auto erfaasst ze ginn, huet ee vun de Poliziste missen op d'Säit sprangen. 
D'Verfolgung vum Chauffer ass dunn opgeholl ginn, dësen huet dobäi eng rout Luucht ignoréiert an ass duerchgefuer, woubäi hie bal en aneren Auto gerammt huet. 
E bësse méi spéit konnt d'Police den Auto op engem Parking am Zentrum ermëttelen. Den Alkoholtest war positiv an op Uerder vum Parquet ass e Protokoll géint de Mann erstallt ginn a säin Auto ass agezu ginn.

Géint 1 Auer um Samschdeg Moien ass an der Rue de Luxembourg zu Esch en Auto engem anere bei enger rouder Luucht hanne ragerannt. Et ass Materialschued entstanen. Wei d'Police agetraff ass, hunn si festgestallt, dass de Chauffer, deen den Accident verursaacht huet, ze vill gedronk hat. Och hie misst säi Permis ofginn. Et ass Protokoll erstallt ginn.

Nach zwee weider Chauffere waren duerch hier Fuerweis an der Stad opgefall a missten sech enger Policekontroll ënnerzéien. Béid Chaufferen haten ze vill gedronk a missten hirer Führerschäin ofginn. Et si Plaintë géint d'Chauffer erstallt ginn.