En 79 Joer ale Mann ass am Spidol un de Suitte vun engem Accident gestuerwen.

E Sonndeg ass et op eise Stroossen zu engem weideren déidlechen Accident komm. Wéi d'Police matdeelt, war e Sonndeg am fréien Nomëtten en Automobilist tëscht Schraasseg an Neihaischen mat sengem Auto vun der Strooss ofkomm a mat engem Bam kollidéiert. De Chauffer gouf nom Accident op der Plaz vun de Rettungsdéngschter behandelt an duerno an d’Spidol transportéiert. Hei soll dee 79 Joer ale Mann e Méindeg am Nomëtteg un de Folge vu senge Blessure gestuerwe sinn.