Viru genee engem Joer war déi déidlech Amokfaart zu Tréier.

An deem Kader gi kuerz virun 14h00 e Mëttwoch de Mëtteg eng Gedenkminutt ageluecht an eng Mass am Tréierer Dom gehale fir den Affer ze gedenken. Den 1. Dezember 2020 war e Mann mat engem Auto duerch d’Foussgängerzon gerannt. 5 Mënschen si gestuerwen, a ganz vill Leit goufe blesséiert. Am Oktober ass eng 6. Persoun un de Suitte vu hire Blessure gestuerwen.