Wann nächste Sonndeg hei zu Lëtzebuerg gewielt géif ginn, da géife vill Sëtz nei verdeelt ginn.

Dat geet aus der Sonndesfro ervir, déi TNS Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort gemaach huet. Am Verglach mat de leschte Walen 2018 géif d’CSV ganzer 6 Sëtz verléieren. D’DP géif 3 an déi Gréng ee Sëtz verléieren. Der Ëmfro no wieren d’Gewënner d’Piratepartei mat engem Plus vu 5 Sëtz, d’ADR mat 3 zousätzleche Sëtz an d’LSAP mat zwee weidere Sëtz am Verglach zu 2018.