An Däitschland kéint eng allgemeng Impfflicht géint de Coronavirus envisagéiert ginn.

Den designéierte Bundeskanzler Olaf Scholz huet eng Ofstëmmung vum Bundestag iwwer dëse Sujet ugekënnegt. Den SPD-Politiker wier selwer dofir a kéint sech eng Aféierung vun dëser Moossnam am Februar oder Mäerz virstellen. Den Olaf Scholz wollt awer nach net soen op d’Booster-Impfungen och obligatoresch wäerte ginn.