Dat neit Covid-Gesetz gouf e Méindeg an der Santés- a Sportskommissioun vun der Chamber virgestallt.

D’Ministere fir Gesondheet, Sport a Fonction Publique hunn de Gesetzestext erkläert. Dëse gëtt de Moment virbereet. D’2G-Reegel gëtt jo generaliséiert, zum Beispill am HORECA Secteur, am Sport an am Fräizäitberäich. Donieft gëtt d’3G-Reegel vum 15. Januar 2022 un op der Aarbecht agefouert.