
© Eldoradio
E Samschdeg goufe géint 4 Auer moies zwee Männer an der Rue Principale zu Mënsbech vun der Police kontrolléiert.
Et huet sech erausgestallt dass si scho vun der Police bekannt waren. Donieft huet en Awunner vu Mënsbech uginn dass zwee Männer eng véierel Stonn virdru viru senger Hausdier gestéiert hunn. D’Beschreiwung huet bei déi zwee Männer gepasst. Dowéinst goufen d’Rucksäck an d’Jacketten duerchsicht. D’Police konnt verschidden Objeten, ënner anerem Bijouen, en Autosschlëssel an zwee Handye saiséieren. Dës goufen an engem aneren Haus zu Mënsbech geklaut. Op Uerder vum Parquet goufen déi presuméiert Täter festgeholl. Si sinn e Sonndeg virun den Untersuchungsriichter komm.