Eng Partie Gefierer goufen aus zwou Autosgaragen zu Iechternach an zu Péiteng geklaut.

An der Lëtzebuerger Strooss zu Iechternach goufen an der Nuecht op e Méindeg en groen Audi RS3 an en wäissen Audi SQ2 geklaut. Dës stoungen dobaussen um Parking. Donieft goufen ee Porsche an e BMW an der Nuecht an der Rue Robert Krieps zu Péiteng geklaut. E Sécherheetsbeamten hat gemierkt dass eng Dier opgemaach an eng aner opgebrach gouf. An deenen zwee Fäll gouf d’Spueresécherung vun der Kriminalpolice informéiert.