Et ass 1 weider Persounen am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.

Vu 6'941 Tester waren der 2'551 positiv. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Mëttwoch matgedeelt huet. Dat bedeit, dass méi wéi een Drëttel vun den Tester positiv ausgefall ass.

Iwwerdeems ass 1 weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt also op 941.

Am Moment leie 72 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol, dovunner 15 op der Intensivstatioun.