Eng 18 Joer a Automobilistin war op der N22 mat hirem Auto vun der Strooss ofkomm a mat engem Bam kollidéiert.

Géint 21h30 e Méindeg den Owend war et op der N22 tëscht Iewerleng an Useldeng zu engem déidleche Verkéiersaccident komm. Eng 18 Joer al Fra, déi mat hirem Auto aus Direktioun Useldeng koum, war mat hirem Auto vun der Strooss ofkomm a an an e Bam gerannt.

Fir si koum all Hëllef ze spéit. D'Rettungsdéngschter konnten nëmmen nach den Dout vun der Fra aus dem Norde vum Land, déi eleng am Auto souz, feststellen.

Nom Accident war de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police op der Plaz. D'N22 war wärend e puer Stonnen tëscht béiden Uertschafte gespaart.

RTL

© Police Lëtzebuerg