Op der A1 a Richtung Stad ass et e Freideg géint 12h15 zu engem schroen Accident komm.

Dëst tëscht dem Tunnel Houwald an dem Gaasperecher Kräiz. En Camionschauffer ass mat Autoen déi e Stau gebilt hunn, kollidéiert. D’Police huet am Nomëtte confirméiert dass eng 48-järeg Fra aus der Stad op der Plaz un hire Blessurë gestuerwen ass. 5 Gefierer waren am Coup. Eng Persoun gouf schro blesséiert an 3 Leit liicht verwonnt. D’Spueresécherung war op der Plaz. Eng Autopsie gëtt gemaach. D’Streck bleift viraussiichtlech fir den Trafic gespaart.