E Méindeg de Moie géint 08h20 gouf der Police e Brand an engem Haus an der Rue de la Foret zu Steesel gemellt.

Wéi d’Rettungsdéngschter op d’Plaz koumen gouf en dichten Damp festgestallt. D’Haus gouf duerchsicht. E 57-järege Bewunner gouf aus dem Haus gebuerge mee ass nach op der Plaz gestuerwen. Op Uerder vum Parquet wäert d’Spueresécherung d’Ursaach vum Brand erausfanne mussen. Eng Autopsie gëtt och gemaach.